Skip to main content
Vollzäit (40 Stonne/Woch) oder Deelzäit (z. B. Weekends / Feierdeeg) / CDD mat Méiglechkeet op Verlängerung oder Freelance

Wëssenschaftsvermëttler/in

De Science Center zu Déifferdeng ass en Zentrum vun der Entdeckung, Wëssenschaft, Technologie a de Beruffer fir de Publikum a fir jonk Leit.

Mat 65 000 zefriddene Visiteure d‘lescht Joer a nach méi dëst Joer, musse mir eist Team verstärken a weider opbauen.

MISSIONS

Duerfir siche mir wëssenschaftlech an technologie-orientéiert Mataarbechter, déi als Wëssenschaftsvermëttler verantwortlech si fir:

 

  • D‘Begleedung vun de Visiteuren an eiser Exploratioun
  • Den Accueil an d‘Begleedung vu Schoulgruppen
  • De Kontakt an Explikatiounen un eis Visiteuren
  • D‘Animatioun vu Showen / Workshops
  • Iwwerleeëungen an Opbau vun neie Showen, Contenu an interaktive Statiounen
  • D‘Organisatioun vun Evenementer

PROFILE

Néideg Qualifikatioune sinn:

 

  • Innovatiivt Denken
  • Gutt Interaktioun mat dem Publikum
  • Staarken Interessi a folgenden Domainer : Physik, Chimie, Mathematik, Biologie, Informatik, Astronomie, Ingenieurswiesen
  • Oppen a kommunikativ
  • Grouss Flexibilitéit an de Schaffzäiten
  • Sproochkenntnisser: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch

Plan your exploration !

By continuing to browse this website, you consent to the use of cookies.